WäissbuchTilly Metz gesäit d'Grondrecht op Gesondheetsversuergung a Gefor

RTL Lëtzebuerg
Als Vize-Presidentin vun der neier Kommissioun fir ëffentlech Gesondheet am EU-Parlament huet d'Tilly Metz hir Revendicatiounen néier geschriwwen.
© Marlène Celement / RTL

Den Zougang zu engem héichwäertege Gesondheetssystem muss zu der ieweschter Prioritéit vun der EU ginn, dat fuerdert déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz, déi e Freideg hiert Wäissbuch zu deem Thema virun der Press presentéiert huet.

Op gutt 45 Säiten huet d’Tilly Metz als Vize-Presidentin vun der neier Kommissioun fir ëffentlech Gesondheet am EU-Parlament hir Revendicatiounen néier geschriwwen. D’Grondrecht op Gesondheetsversuergung wier a Gefor, warnt si. Dat duerch ënnert anerem ee Manktem u Gesondheetspersonal an u Medikamenter. Eng vun de Recommandatiounen ass deemno déi, een europäesche Kader ze schafen, deen och d’Relatioune mat der Pharmaindustrie nei definéiert.

Extrait Tilly Metz

“Wéi kann ech d’Pharmaindustrie ënnerstëtzen, fir Innovatioun ze maachen, an op der aner Säit awer kucken, datt d’Medikamenter awer fir jidderee queesch duerch Europa och do sinn, accessibel sinn a bezuelbar si fir déi eenzel Länner. Mir hätte jo gär, a mir brauchen an Zukunft vun der Pharmaindustrie méi Transparenz, wou si dru sinn an der Produktiounschaîne, wou et eventuell Enkpäss ginn, dat heescht mir brauchen do Notifikatiounen, mir brauchen och Stockagë vu Medikamenter. An op europäeschem Niveau wat lo wäert kommen, dat ass de “critical medicine act”, an dee wëllt eben och nach erreechen, datt mer manner ofhängeg si vun Drëttlänner, also ausserhalb vun der EU.”

Genee wéi wärend der Pandemie, wier een och hei méi staark, wann een also Europa géing handelen, esou déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

Back to Top
CIM LOGO