Serie Nuetsschicht - Op der EisebunnTim Scholtes (CFL): "Mir depanéieren Zich, wéi den ACL Autoen"
Nuets ass d'Aarbecht am Zuchatelier vun den CFL zu Bouneweg anescht wéi am Dag: Keng Passagéier, d'Zich stinn, d'Maintenance-Aarbechte sinn op Héichtouren.
Serie Nuetsschicht - Bei der Eisebunn
Nuets ass d’Aarbecht am Zuchatelier vun den CFL zu Bouneweg anescht wéi am Dag: Keng Passagéier, d’Zich stinn, d’Maintenance-Aarbechte sinn op Héichtouren.
D’Mechatroniker Max Bemtgen (34 Joer) a Tim Scholtes (22 Joer) sinn Deel vun der CM24-Ekipp a ronderëm d’Auer am Asaz, fir kleng bis mëttelgrouss Depannage un den Zisch ze maachen. Ma virun allem nuets hu si d’Méiglechkeet, all méiglech Boboen un de Maschinnen ze flécken.
Serie "Nuetsschicht" - Op der Eisebunn (26.3.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Eng Nuecht laang hu mir déi zwee jonk Männer mat der Kamera begleet, an eng beandrockend an zugläich mysteriéis Atmosphär op de Gleiser erlieft.
Leit, déi da schaffe ginn, wann anerer Feierowend maachen
Am Kader vun der Serie “Nuetsschicht” stelle mir Iech reegelméisseg Leit an Ekippe vir, déi nuets schaffen. Servicer, ouni déi d’Land net funktionéiere géif. Een Abléck hannert d’Kulisse vun der Aarbechtswelt, déi dann aktiv ass, wann déi aner schléift.
All d’Episoden vun der Serie Nuetsschicht ginn et hei!