Ënnert dem Motto “Respekt - Liewe mat engem Handicap - Homophobie - Rassismus” huet dës hir éischt Toleranzwoch organiséiert. 640 Schüler zielt de Lycée an all Klass besicht wärend der Woch op d’mannst ee Workshop.
Sensibilisatioun duerch verschidde Workshops stinn um Programm, erkläert den Direkter Tom Delles:
“Respekt, Toleranz a virun allem och Akzeptanz vun all de Leit. Mir hunn eng Klass, déi huet hei sou Bracelete gemaach; Mënsch ass Mënsch, mir sinn alleguer gläich a genau dat ass mengen ech och d’Thema vun der ganzer Woch. Egal ob dat am Zesummenhang ass mat Rassismus awer och geschichtlech Erënnerung un eng Schoa, un iwwerhaapt, wat war de Krich hei zu Lëtzebuerg? Ob dat mat sexueller Orientéierung oder mam sexuelle Genre ze dinn huet. Och Gläichheet fir alleguer d’Leit, dat si Saachen och mam Handicap. Mir hunn och flott Ateliere mam Handicap”
An engem vun deenen Ateliere kënnen d’Fleuriste-Schüler léieren, wéi een d’Leit, déi schlecht gesinn, ka beroden. Am Rassismus-Workshop ginn déi Jonk mat Stereotyppe konfrontéiert. Haaptzil ass net d’Iwwerwanne vun de Stereotyppen, mee an éischter Linn ee Bewosstsinn ze kreéieren, beschreift d’Betreierin vum Atelier:
“Et geet net dorëms ze soen ob et gutt oder schlecht ass, mee dass ee sech bewosst gëtt an dass et natierlech nëtzlech ass, fir d’Kommunikatioun mee dass et awer och zu Virurteeler ka féieren, wann een tatsächlech par Rapport zu verschiddene Gruppe verallgemengert an déi eng oder aner villäicht dowéinst diskriminéiert.”
“Sech net gutt spiere” bei der éischter Konfrontatioun mam Thema Rassismus kréien d’Animateure vum Workshop dacks als Feedback. Dat Gefill entwéckelt sech séier zu Virwëtz an et gëtt ee séchere Kader fir Froe geschaaft.
Nieft der Toleranz vis-a-vis vu verschiddenen Theme soll och d’Toleranz ënnert de Schüler promouvéiert ginn. Am Theater-Workshop treffe verschidde Klassen openeen, déi normalerweis net am Kontakt sinn, sou och mat den Integratiounsklassen, erkläert eng Schülerin.
“Ma ech fannen et eng ganz wichteg Saach an och interessant Saach, dass mir opgekläert ginn an och dass mir eppes bäiléiere kënnen iwwer d’Toleranz an an eisem Fall, dass mir elo mat der Chliga-Klass zesummeschaffe kënnen, fannen ech eng mega Optioun an eng mega Méiglechkeet, well ech mengen am Schoulhaff an esou begéint ee sech jo mee et schwätzt sech lo net direkt un a sou si mir bësse méi ënnerteneen a mir kënnen zesummeschaffen an dofir fannen ech dat eng immens Saach fir d’Toleranz hei am Lycée ze fërderen a generell ënnert de Schüler fannen ech dat eng ganz gutt Saach”
Toleranz ass keen Thema, dat dacks a Schoulen ugeschwat gëtt, fannen d’Schüler selwer. No dëser Woch soll sech dat geännert hunn an a verschiddene Beräicher sensibiliséiert ginn. Bis e Freiden hunn d’Schüler d’Méiglechkeet, a puer vun den 30 Workshops an Ausstellungen eranzekucken a matzemaachen.