Et gëtt un d’Männer a Frae geduecht, déi hiert Liewen an der amerikanescher Arméi fir Fräiheet a Fridde verluer hunn. Hei zu Lëtzebuerg gëtt dësen Dag um leschte Samschdeg am Mee um Militärkierfecht zu Hamm zelebréiert.
5076 Griewer stinn um US-amerikanesche Kierfecht zu Hamm. Et sinn Zaldoten an Zaldotinnen, déi an der Friemt gekämpft hunn. Ënnert hinnen ass och de Generol Georges S. Patton begruewen. Dëse Militärkierfecht gëtt et zanter dem Dezember 1944.
De leschte Méindeg am Mount Mee ass mam “Memorial Day” e Feierdag an den USA.