Trauerwee ASBL"Trauer vun de Kanner ass méi faarweg, méi spontan a méi villfälteg"

RTL Lëtzebuerg
Wéi ginn d’Kanner mam Verloscht, mam Doud a matt der Trauer ëm? Zu Käl an zu Béiwen-Atert treffe sech Kanner eemol d’Woch a sougenannten Trauergruppen.
Trauerwee ASBL
“Trauer vun de Kanner ass méi faarweg, méi spontan a méi villfälteg”

Dës Rendez-Vouse gi vun der Trauerwee ASBL organiséiert. Et ass eng Associatioun, déi Kanner an hir Famille begleet, wann d’Mamm, de Papp, Schwëster oder Brudder gestuerwe sinn. An den Trauergruppe si Kanner am Alter tëscht 6 an 12 Joer. Duerch den Echange mat anere Kanner, déi an der selwechter Situatioun sinn, léieren déi Jonk besser, mat der Trauer eens ze ginn, seet d’Direktesch vun der ASBL, Simone Thill.

D’Kanner bleiwen an der Reegel ee Joer an den Trauergruppen. No 6 Méint gëtt zesumme matt de Familljen e Bilan gemaach. Iwwerhaapt riicht sech d’Offer net just un d’Kanner, et versicht een och, d’Famill am an hirem Trauerprozess ze ënnerstëtzen.

Fir Teenager bitt d’ASBL eng méi Individuell Offer un. Wéinst den ënnerschiddlechen Horairen an de Lycéeë wär et schwiereg, fir sech a Gruppen ze treffen.

D’Associatioun huet aktuell 14 Mataarbechter. Dräi schaffe fest do, 10 Benevoller an eng Psychologin. D’Trauerwee ASBL huet dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag gefeiert. An deenen 10 Joer hat ee mat ronn 200 Famillje Kontakt. Knapp 180 Kanner goufen an den Trauergruppen betreit.

Back to Top
CIM LOGO