Nei Lëschte sinn aktualiséiert, mä onkomplettTreffen tëscht Regierungsmemberen/héije Beamten an drëtten Intressevertrieder

RTL Lëtzebuerg
De Premier Luc Frieden hat am Verglach mat anere Ministere wéineg Entrevuen.

Dat kéint awer dorobber zeréckzeféiere sinn, datt wéinst dem rezente Regierungswiessel, gewëss Persounen, déi mam Traitement vun den Entrevuë beoptraagt sinn, nach an enger Léierphas sinn, steet a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng.

Ganz vill Treffen hate par konter ënnert anerem de Policeminister Gloden, de Finanzminister Roth oder nach de Logementsminister Meisch. Interessant ass hei, datt hie relativ vill Entrevuë mat der Chambre Immobilière hat, mä och mat Organisatiounen am soziale Beräich.

D’Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez par konter hat am Zesummenhang mat Diskussiounen iwwert de Pensiounssystem bis elo virun allem Entrevuë mat Vertrieder vum privaten Assurancësecteur a mam Patronat.

Gouvernement.lu - Registres des entrevues

Back to Top
CIM LOGO