An der éischter Reunioun vum Comité permanent du travail et de l’emploi nom Eclat am Hierscht waren d’Kollektivverträg keen Thema. Dat läit och dodrun, datt op de Premier Luc Frieden gewaart gëtt, deen nach wollt Gespréicher féieren.
An dofir hänkt den Dossier Kollektivverträg weider an der Loft. Ma ob am CPTE oder am Staatsministère, d’Presidentin vum OGBL Nora Back seet: “Egal wou et diskutéiert gëtt, wat elo wichteg ass, mir brauche konkret Resultater. Mir kënnen eis net drop verloossen, datt Motiounen an der Chamber ugeholl ginn oder datt eenzel Minister an Interviewe Saachen soen, déi gutt sinn. Mir brauchen elo eppes Handfestes a schwaarz op wäiss Engagementer vun der Regierung, datt d’Kollektivverträg weider gestäerkt ginn hei zu Lëtzebuerg a net weider geschwächt.”
Obschonns déi europäesch Mindestloundirektiv kloer seet, datt et bei der Ëmsetzung keng Verschlechterunge fir d’Salariéeën däerf ginn, däerf fir de Michel Reckinger, President vum Patronsverband UEL, d’Richtung vun den Diskussiounen net am Viraus feststoen: “E Sozialdialog huet ëmmer eng Obligation des moyens, net eng Obligation des résultats. An de Moment verweigert sech op d’mannst emol eng Säit der Obligations des moyens dohin ze setzen an ech mengen, mir sollten erëm dohi kommen, datt mer iwwer Saache kënnen diskutéieren, ouni rout Linnen an ouni virdru schonn seng Konditiounen ze setzen.”
Wéini d’Diskussioun iwwert d’Kollektivverträg nees opgeholl ginn, weess och den Aarbechtsminister Georges Mischo net. Hie spillt de Ball bei de Premier Luc Frieden: “Mir waarden elo mol déi Sozialronn oder déi bilateral mat de verschiddene Partner of, bis mer nees e CPTE aberuffen mat verschiddenen Themen, déi nach op der Lee stinn.”
De Georges Mischo bleift ambigu, wann et drëms geet, wat an Zukunft an e Kollektivvertrag gehéiert a wat net. “Bis elo bleift et bei deem, wat am Gesetz steet. An mir hunn och e Koalitiounsaccord, wou mer eis drun halen.”
Ma genee do läit d’Kromm an der Heck: De Koalitiounsaccord anhalen, ouni de Code du Travail ze änneren, dat widdersprécht sech.