
Si krute verschidde praktesch Atelieren ugebueden, zu Theme vu Reanimatioun iwwer Diabetes bis mental Gesondheet.
Éischt Hëllef wier eng Basis, déi am Fong jidderee sollt hunn, fir am Alldag kënnen ze hëllefen, fënnt de Mathis. Hien huet 18 Joer an ass vu 7ième un am Éischt-Hëllef-Grupp am Kolléisch, grad wéi d’Lise, haut 17 Joer. Hir Ekipp hätt 36 Memberen an ongeféier 1.000 Asätz am Joer. Am Duerchschnëtt géinge si 3 Mol den Dag geruff ginn. “Wann een elo zum Beispill Bauchwéi oder Kappwéi huet, da mellt sech de Patient beim Portier an da gi mir iwwert d’Pagere geruff, da gi mir an eis Infirmerie”, erkläert d’Lise. Wann ee sech beim Sport wéi deet oder schwaach fält, geet d’Ekipp direkt op d’Plaz, an dann hëllefe mer, deemno wéi, wat de Patient brauch, ruffe mer eng Ambulanz oder mir schécken en heem oder et geet och mat einfacher éischter Hëllef duer.”
Déi meescht Schüler, déi um Dag vun der Éischter Hëllef Deel geholl hunn, hate wéi d’Lise an de Mathis schonn Erfarung an deem Beräich a waren an hire Lycéeën an änleche Gruppen. A verschiddenen Ateliere konnte si hiert Wëssen nach verdéiwen an nei Saache kenneléieren. Dës goufen organiséiert vu verschiddenen Organisatiounen, wéi dem CGDIS, dem Plooschterprojet, der Air Rescue oder nach der Uni Lëtzebuerg. Eng Ekipp aus dem Sepas, fréiere SPOS vun der Schoul huet déi jonk iwwer mental Gesondheet sensibiliséiert, iwwerdeems d’Lëtzebuerger Diabetes-Associatioun erkläert huet, wourop een do muss oppassen. D’Association pour Malvoyants et Aveugles huet de Jonke gewisen, wéi een eng blann Persoun guidéiert an duerno selwer teste gelooss. A besonnesch beléift war och de Crash-Simulator vum Centre de formation pour conducteurs.
Um Dag vun der Éischter Hëllef huet d’Éischt Hëllef-Team vum Kolléisch iwwregens 25 Joer gefeiert. D’Grupp gëtt encadréiert vun der Pia Heinricy a vum Christophe Ternes. Et wier flott ze gesinn, wéi d’Schüler sech géigesäiteg Hëllefen a Saache bäibréngen, seet de Christophe Ternes: “Do mierkt een einfach, dass eng flott Dynamik entsteet a si maachen dat alles nieft der Schoul nach, dat heescht, komplett op benevoller Basis, wat flott ze gesinn ass, datt eis Jugend sech esou asetzt dofir.”