Schonn e Mëttwoch den Owend hat d’Waasserwirtschaftsamt eng Alerte Orange fir den Norden an de Süde vum Land erausginn. Och fir d’Muselregioun gëtt mat enger Hausse vun de Peegelstänn gerechent.
Plazeweis hunn d’Flëss en Donneschdeg am Nomëtteg esouguer d’Cote de vigilance rouge iwwerschratt. Dat war zu Dikrech de Fall, wou de Peegel vun der Sauer - Stand 15 Auer - bei 4,70 Meter louch. Zu Ettelbréck louch de Peegel vun der Uelzecht um 15 Auer bei 2,47 Meter, also 17 Zentimeter iwwert der Cote de vigilance rouge vun 2,30 Meter.
Generell bleift et um Donneschdegnomëtteg bei enger Cote de vigilance orange. Dat esouwuel fir de Süden an den Norden ewéi och fir d’Musel.
Weider Informatiounen iwwer d’Waasserstänn vun de Flëss fannt Dir op inondations.lu.
E Mëttwoch de Mëtteg war jo vun der Gemeng Ettelbréck den Opruff komm, dass ee wéinst der Héichwaassergefor säin Auto vum Parking Däich misst ewechhuelen an op kee Fall iwwer Nuecht do stoe loosse soll. Dësen Opruff gëllt weiderhin.

Iwwerdeems ass och den CR345 tëschent Ettelbréck a Biertreng gespaart, well hei d’Strooss plazeweis ënner Waasser steet.

Déi aktuell Entwécklunge kënnt Dir op inondations.lu suivéieren.