Ee Policebeamte schwéier blesséiertUergen Accident e Méindeg den Owend géint 21 Auer op der Collectrice

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Helleng an dem Beetebuerger Kräiz koum et zu engem schroen Accident, wéi d'Police e Schwéiertransport begleet huet.

E Beamte vun der Police huet e Méindeg den Owend géint 21 Auer mat sengem Motorrad, bloer Luucht an engem Stoppzeechen op der Héicht vun der Autobunnsopfaart Helleng den Trafic gestoppt, dat am Kader vun engem Schwéiertransport, dee begleet gouf.

Heibäi gouf de Policebeamte vun engem Auto erfaasst a schwéier verwonnt.

De schëllegen Automobilist ass nach an e weideren Auto gerannt a koum dunn un d’Halen. Béid Automobiliste goufen nach op der Plaz behandelt, éier se fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht goufen.

Nieft de Secouristen aus der ganzer Géigend, war och de Samu op der Plaz

Alkohol um Steier

E Méindeg den Owend huet et zu Habscht gerabbelt, dat an der Rue de Kreuzerbuch. Wéi d’Police schreift, wier éischten Informatiounen no e Liwwerwon an e geparkten Auto gerannt. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO