Déidlech Messerattack zu DiddelengUgeklote gouf zu 22 Joer Prisong verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Den 9. Abrëll 2022 war an de fréie Moiesstonnen zu Diddeleng e Sträit eskaléiert.
© RTL-Archiv

Dëst nodeems d’Affer versicht hat, no enger laanger Partynuecht den Ugekloten a senger Wunneng ze beklauen. Den Täter hat d’Affer doropshi mat engem grousse Kichemesser an den Hals gestach. De Mann ass nach op der Plaz verstuerwen.

Am Appell gouf den Ugekloten, dee bis zum Schluss vun engem Accident geschwat huet, d’lescht Woch um Stater Geriicht zu 22 Joer Prisong, mat 11 dovunner op Sursis verurteelt. 5 vun den 11 Joer si mat Oplage verbonnen. An éischter Instanz haten d’Riichter eng Strof vun 23 Joer feste Prisong festgehalen. De Parquet hat 25 Joer gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO