De Mann ass ugeklot, well en eng Jonk Fra zu Bouneweg ëmbruecht hätt, a se nom Dout zerstéckelt hätt. Bei him gouf eng paranoid Schizophrenie diagnostizéiert. Schonn um éischte Prozessdag hat hien erkläert, Lucifer ëmbruecht ze hunn.
De Mann ass haut 47 Joer al, seng Stëmm ass liicht hees. Hien erkläert der Riichterin, hie géif maachen, wat Gott (Saint Père) him géif opdroen. Nom Doud vu sengem Affer hätt hien d’Läich zerstéckelt, well Gott hie gewarnt hätt, dass de Lucifer hien och nach nom Dout attackéiere kéint.
D’Riichterin probéiert erauszefannen, ob d’Affer dem Mann am Virfeld eppes gedoen hätt. Déi jonk Fra hätt sechsmol u seng Zëmmerdier geklappt, dat wier d’Zuel vum Däiwel. De “Saint Père” hätt hien dunn informéiert, dass dat de Lucifer wier. D’Riichterin huet probéiert, erauszefannen, ob dem Mann seng Krankheet bewosst wier. Deen huet betount, déi aner Leit géingen dat mengen. Firwat en da seng Medikamenter huele géif, wann e sech jo selwer net als krank empfënnt, dat konnt de Beschëllegten net erklären.
Op ville Plazen huet d’Geriicht probéiert, d’Aussoe vum Ugekloten an e logesche Kontext ze bréngen a Widderspréch ze thematiséieren. De Mann sot awer, hie kéint sech net erënneren, eng ganz Zäit laang net iwwer Gott an Dämone geschwat ze hunn. Dat confirméiert awer e Mataarbechter vun der Ligue d’Hygiène mentale, deen dem Ugekloten eng Plaz an engem therapeuteschen Atelier vermëttelt hat. Hätt den Ugekloten dee Moment esou Aussoe gemaach, hätt hie sech net eleng a sengem Büro mam Mann getraff.
Hie wéisst, wat seng Missioun ass, erkläert den Ugekloten. Hie misst de Baphomet, d’Shakira, de Poopst an de President vun Nordkorea ëmbréngen. De Mann gouf och gefrot, firwat hien opgehalen hätt, seng Pëllen ze huelen. Hien hätt sech gutt gespiert, erkläert en. Hie wier déi selwecht Persoun, ob mat oder ouni Pëllen.
Den Affekot vun der Famill vun der jonker Fra wollt dann och wëssen, ob dem Beschëllegte bewosst war, dass en ouni Medikamenter d’Kontroll géing verléieren. Hien hätt ni d’Kontroll verluer, esou d’Äntwert. Hie géing maachen, wat de Saint Père ëm gesot hätt. D’Riichterin constatéiert: “Ech mengen, mat logesche Froe komme mir hei net weider”.
A hirem Plädoyer ënnersträicht d’Partie civile vun den Eltere vun der Verstuerwener, dass an hiren Ae Professioneller hir Missioun kruzial verpasst hätten, ma dat kéint dëse Prozess net klären.
Fir de Me Rollinger misst de Mann awer responsabel gemaach gi fir seng Dot, och wann en dee Moment kloer an engem Wan war. Als Grond nennt hien, dass de Mann mam Ofsetze vun de Pëllen e Feeler gemaach hätt an ëm et bewosst gewiescht wier, dass e se huele misst. An dat misst dozou féieren, dass de Mann den Artikel 71 net zougesprach kréie soll. Den Artikel leet fest, dass eng Persoun zum Moment vun der Dot net zourechnungsfäeg war, an domat net strofrechtlech responsabel. Et dierft keen Zweiwel ginn, wann een enger Persoun penal Irresponsablitéit accordéiert. An dee wier hei duerch e bewosst Ofsetze vun de Pëlle ginn.
D’Eltere vum Affer géinge fäerten, dass de Mann am Fall vun enger Onzourechnungsfäegkeet awer iergendwann nees kéint erausgelooss ginn, sollt e Psychiater der Meenung sinn, e wier nees stabil. D’Elteren an d’Schwëster vun der Fra froe 70.000 Euro Schuedenersatz.
An och de Me Mioli argumentéiert an déi Richtung. Hie vertrëtt de Matbewunner vum Ugekloten, deen och attackéiert a schwéier blesséiert gouf. Säi Client hätt en immensen Trauma vun der Dot dervu gedroen. Hie misst kämpfen, fir erëm en normaalt Liewe féieren ze kënnen an e géif sech schëlleg fillen, well hien am Géigenzuch zum aneren Affer iwwerlieft hätt. Hie freet 105.000 Euro.