
De Mann wier antëscht aus dem Spidol an nees zeréck an Untersuchungshaft. Dat deelt d’Prisongsverwaltung op Nofro mat.
Den Ugekloten huet sech misse viru Geriicht veräntwerten, wéinst dem brutale Mord viru gutt zwee Joer u sengem deemools 29 Joer ale Bouf. Wéi den ugeklote Papp d’lescht Wuert krut, soll hie sech am Geriichtssall selwer an den Hals gepickt hunn.
D’Fro stellt sech, wéi den 72 Joer ale Mann iwwerhaapt mat esou engem Géigestand an de Geriichtssall komm ass. Fir déi genee Hannergrënn ze klären, wier eng intern Enquête um Uerschterhaff zu Suessem an d’Weeër geleet ginn, heescht et weider vun der Prisongsverwaltung. Déi konnt dofir aktuell och näischt zu de geneeën Ëmstänn soen.
De Spriecher vun der Justiz Henri Eippers huet iwwerdeems erkläert, datt déi Ugekloten um Geriicht selwer net duerch eng Sécherheetskontroll ginn. Fir de Gefaangenentransport an d’Fouille vun de Persounen, déi an Untersuchungshaft sinn an op e Geriicht bruecht ginn, ass nämlech d’Police responsabel. Och an dësem Fall wier d’Persoun virum Trajet wéi virgesi vun zwee Polizisten duerchsicht ginn, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert vun der Police. Heibäi wier näischt Opfälleges festgestallt ginn. De Mann hätt d’Gillette am Virfeld wuel esou beaarbecht, datt se tëscht d’Gebëss an de Gomm gepasst huet, wou se quasi net ze fanne gewiescht wier. Den Incident géing intern opgeschafft ginn, esou d’Police. Et géing gekuckt ginn, fir gegeebenefalls weider Mesuren ze huelen, fir Risiken an Zukunft ze minimiséieren.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.