
Wéinst Doudschlag ass e 36 Joer ale Mann um Stater Geriicht an éischter Instanz verurteelt ginn, well hien eng 63 Joer al Fra am Mee 2023 zu Bouneweg fir d’éischt mat engem Fönkabel gedrosselt an dono mat engem Kichemesser erstach huet.
18 Joer Prisong dovunner 6 Joer Sursis, hunn d’Riichter festgehalen. Domat gouf d’Fuerderung vum Parquet no 18 Joer Prisong mat engem Deel dovunner Sursis probatoire confirméiert. 5 Joer vum Sursis sinn nämlech un Oplage gebonnen. De Mann muss sech a psychiatresch Behandlung beginn.
Eng Duechter vum Affer krut 25.000 Euro Schuedenersatz zougesprach.
D’Urteel ass nach net rechtskräfteg. De Verurteelten huet elo 40 Deeg, fir géint d’Urteel an Appell ze goen.
D’Stonne virun der Dot waren Ufank Januar viru Geriicht opgezeechent ginn. Um Virowend vun der Dot hätten et schonn Tensioune ginn. Den Ugekloten an dat spéidert Affer hätten nämlech eng toxesch Relatioun gehat, wou den Alkohol- a Medikamentemëssbrauch eng grouss Roll gespillt hätt, huet et um Geriicht am Januar geheescht. Och no der Dot konnt de Gebrauch vun dëse Substanze bei Béiden nogewise ginn. Doriwwer eraus hätt d’Affer den Ugeklote permanent verbal erniddregt. Kennegeléiert haten déi Zwee sech duerch d’Duechter vum Affer.
Wisou et zu der Dot komm ass, huet de Mann virun de Riichter sech esou erkläert, dass et him einfach duergaange wier, an hie sech net méi anescht ze hëllefe gewosst hätt. Et wier esou, wéi wann hien explodéiert gewiescht wier. Nodeems en d’Fra eng dräi Minutte laang mam Fönkabel gedrosselt hat, huet hie mat engem 20 bis 25 Zentimeter laangem Kichemesser zougestach. D’Experte sinn der Meenung, dass d’Fra eréischt doduerch gestuerwen ass, well hier an d’Häerz gestach gi war.
Dono hat hien d’Fra vum Living an d’Schlofzëmmer gezunn a mat Decken zougedeckt. Den Täter ass bei säi Papp gefuer, an huet him d’Situatioun gebeicht. Doropshin huet dësen d’Police geruff.
Am Prozess hat de Psychiater vun enger “Alternation des capacités de discernement et de contrôle” geschwat. D’Réckfall-Gefor wier him no awer relativ kleng. Den Täter hätt eng “masoschistesch” Relatioun mam Affer gehat. De Parquet huet awer a sengem Requisitoire gemengt, dass den Ugekloten eng verklengert Capacitéit hätt fir ze urteelen, dofir misst hien am Ae behale ginn. Aus dësem Grond gouf am Fall vum Sursis gefrot, dass dëse soll probatoire sinn. Heescht, u Konditioune wéi e psycho-soziale Suivi gebonnen.
Um Enn hunn d’Riichter e Mëttwoch keng Premeditatioun zréckbehalen. Den 36 Joer ale Mann muss e psychiatreschen Suivi maachen, fir seng Ofhängegkeet ze behandelen.