Zënter 3 Joer zu LëtzebuergUkrainesch Famill mat oppenen Äerm empfaangen, ma och schwéier Amenter erlieft

Jeannot Ries
Genee 3 Joer si vergaangen zanter dem Ufank vum Ukrainkrich, d‘Famill Yukhymenko aus der Ukrain ass ëm déi Zäit op Lëtzebuerg geflücht.
Ukrainesch Famill mat oppenen Äerm empfaangen, ma och schwéier Amenter erlief
Genee 3 Joer si vergaangen zanter dem Ufank vum Ukrainkrich, d‘Famill Yukhymenko aus der Ukrain ass ëm déi Zäit op Lëtzebuerg geflücht.

Portrait vun enger ukrainescher Famill zu Bissen - Reportage Chris Meisch

Vu Kiew op Ternopil, vun Ternopil an Däitschland a vun do aus op Lëtzebuerg. De Wee aus dem Krichsgebitt an ee friemt Land war voller Erausfuerderungen. Haut wunnt d’Famill an engem Haus zu Biissen. D’Elteren hunn eng Aarbecht, hir Kanner ginn an d‘Schoul an hu Kolleegen a Frëndinne fonnt. RTL war bei d‘Famill an huet nogefrot, wéi si sech zu Lëtzebuerg agelieft hunn.

Se hätten nach net vill vu Lëtzebuerg héieren, verzielt de Papp, éier si am Februar 2022 hiert Doheem zréckgelooss hunn, fir ze flüchten. Ewell virum Krich ware si sech den Tensiounen tëscht Russland an der Ukrain bewosst an hu sech preparéiert fir d‘Land ze verloossen. 10 Deeg virum Krich sinn si fir d’éischt vu Kiew an de Weste vun der Ukrain geflücht, éier et dann den 8. Mäerz op Lëtzebuerg gaangen ass.

De Familljepapp Volodymyr Yukhymenko: “Mir hunn ufanks guer net dru geduecht d‘Land ze verloossen, mee d‘Situatioun war därmoossen schro dass mir net wosste wéi et muer géing ausgesinn. Eis Frëndin d‘Olga, dat zu Lëtzebuerg wunnt, huet eis invitéiert bei si ze kommen, deen Ament hu mir decidéiert d‘Ukrain ze verloossen.“

Zu Lëtzebuerg ukomm, ass d‘Famill fir d’éischt vun enger Accueillesfamill zu Leideleng opgeholl ginn, éier se dunn een Appartement zu Biissen krut. “Mir fillen eis confortabel a sécher hei, et ass eng gutt Gemeng an de Buergermeeschter huet eis ganz vill gehollef”, seet d‘Kseniia, Mamm vun 3 Kanner, déi elo ee 4. erwaart: “d‘Appartement war am Ufank komplett eidel, d‘Leit vun der Gemeng sinn du mat enger Lëscht bei eis komm an hu gefrot, wat mir alles bräichten. ‘Sot eis alles wat dir braucht’, hu si eis gesot, ‘braucht dir hei, braucht dir do?’, ‘jo villäicht sot ech’. 2 Deeg drop si mir heem komm an déi ganz Wunneng war miwweléiert . Dat war eng riseg Iwwerraschung fir eis a mir sinn immens dankbar.“

Hire Jong den Illia huet 17 Joer an dreemt dovun, dass d‘Ukrain eemol der EU bäitriede kann. Hien geet am Emile Metz an d‘Schoul an ass frou hei dat ze léieren, wat him gefält , Informatiounstechnik, genee wéi säi Papp: “Wou mir hei ukomm sinn, hat ech zimmlech Angscht, fir an d‘Schoul ze goe, well alles nei war. Ech hu gemengt, kee Mënsch géing mech verstoen, an dass et schwéier gëtt, mech z‘integréieren. Mee am Fong war et net esou. Fir d’éischt war ech an Integratiounsklasse mat just Ukrainer, mee mat Lëtzebuerger a franséische Proffen. Et war intressant, mat hinnen ze schwätzen. Si hu mir vu Lëtzebuerg erzielt, vum Educatiounssystem a wéi ech hei eng Aarbecht fannen, dat war ganz hëllefräich.”

Dat 11 Joer aalt Solomiia geet zu Biissen an d‘Primärschoul, a kann ewell lëtzebuergesch schwätzen: “Ech hunn 2 Joer franséisch geléiert an elo léieren ech bëssi Däitsch a Lëtzebuergesch well ech dat mat Frëndinnen, Jofferen a Schoulmeeschtere schwätzen. An Mathematik ass bëssi easy fir mech, well ech dat scho geléiert hunn.“

D‘Famill huet sech zu Lëtzebuerg agelieft an integréiert. Hir Frënn a Famill, déi nach an der Ukrain liewen, vermësse si awer nach vill. All Sonndeg schwätze si iwwer Facetime mat hinne. An hirer Fräizäit spillt d‘Famill gär Musek, de Papp spillt Gittare, wärend d‘Mamm an d‘Kanner ukrainesch Lidder sangen.

Back to Top
CIM LOGO