Zwee Haiser beschiedegtUm Houwald koum et um Donneschdeg den Owend zu engem Brand - Feier ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
An der Avenue Berchem um Houwald war um Donneschdeg den Owend e Feier ausgebrach.
Feier um Houwald
En Donneschdeg kuerz no 20 Auer koum et an der Avenue Berchem zu engem Feier an engem Haus.

De Brand krute mer vun direkt e puer RTL Mobile Reporter matgedeelt. Deels ware grouss Dampwolleken ze gesinn, grad ewéi och Flamen, déi tëscht de Gebaier eropgeschloe sinn.

Op der Plaz ass dann z’erkennen, datt et e Feier an engem Haus, wat u béide Säiten ugebaut ass, ausgebrach ass. D’Pompjeeë si mat méi Ekippen an zwou grousse Leederen am Asaz, fir d’Feier anzedämmen respektiv ënner Kontroll ze kréien. Vun der Plaz heescht et, datt d’Feier am Eefamilljenhaus géint 20.15 Auer um Späicher ausgebrach ass. D’Flamen hunn och op de Späicher vum Nopeschhaus iwwergegraff. D’Awunner vu béiden Haiser goufen evakuéiert, blesséiert gouf beim Tëschefall keen.

Kuerz no 22 Auer konnten déi ronn 40 Pompjeeën, déi mat siwe bis aacht Ween am Asaz waren, d’Feier läschen. Dono awer goufen nach Deeler vum Gespär a vum Daach erausgeschnidden, fir datt d’Feier net nach eng Kéier nei ugoe kann.

En Donneschdeg den Owend ass um Houwald a Feier ausgebrach.
Vill Damp an deels och Flame waren ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO