Oktav an der StadUm Mäertchen hunn dëst Joer op en Neits e puer bekannte Bude keng Plaz kritt

Monique Kater
Fir d'éischt emol, well d'Oktav nach ëmmer net um Knuedler, mee bei der Gëlle Fra ass. Mee och well sech net u Reegele gehal gi wär.
Um Mäertchen hunn dëst Joer op en Neits e puer bekannte Bude keng Plaz kritt
Fir d’éischt emol, well d’Oktav nach ëmmer net um Knuedler, mee bei der Gëlle Fra ass. Mee och well sech net u Reegele gehal gi wär.

Dorënner ass den Traditiounsbetrib Jean La Gaufre. Wärend d’Cliente sech doriwwer iergeren, reegt och de President vun de Foraine sech op a gëtt deem, deen hie jo eigentlech soll vertrieden, d’Schold um Net-Dobäi-Sinn. Den zoustännege Schäffe confirméiert, de Forain hätt d’Demande fir um Oktavs-Mäertchen eng Plaz ze kréien, ze spéit era ginn. A wat seet de Concernéierten.

Et war scho bal e Shitstorm d’lescht Woch op Facebook – Eng Oktav ouni Eisekuch vum Jean la Gaufre? Seng Fans hu reagéiert an zimmlech rose kommentéiert “Traureg, een esou grousse Beléiften do net ze gesinn”.

Kierch a Stad si sech jo net méi esou geheier, Stad a Kiermesleit wéi et schéngt och net. Eng simpel Kommunikatioun, léist eng Lawin aus, weist e Malaise. Hie wier wuel am Feeler, säi Message wier awer een ouni béisen Hannergedanken, sou deen, deen net méi dierf, well e soll ze spéit u gewiescht sinn.

D’Delaie gëlle fir deen ee wéi fir deen aneren – dat ass kloer…och wann de Service Foire et Marchés an der Zäit vläicht manner pingeleg war. A kommunizéiert hätt. Haut wier dat net méi de Fall. Haut hunn do Beamten d’Soen, an déi maachen hir Aarbecht, wéi d’Politik hinne se virschreift. Frëndlech wiere se net grad, kréie mir gezielt, et wier besser net ze widderspriechen oder ze meckeren. Déi vun der Kiermes an déi vum Woche-Maart kréie Bréiwer, déi se dezent, mee kloer drun erënneren, wien d’Soen huet. Ënnerschriwwe: Polfer.

Back to Top
CIM LOGO