
Ënnert anerem de Buschauffer an op d’mannst ee vun de Leit am Bus goufe liicht blesséiert an et gouf een Handy geklaut.
An och zu Hunchereng sinn an der Hënt op e Sonndeg e puer Persounen an engem Bus unenee geroden. Zwou Persounen hu missen fir eng Kontroll an d’Klinik bruecht ginn.
Zu Ettelbréck ass et, der Police no, a Caféën ëm d’Gare hënt méi héich hir gaang. Et wier et ëmmer nees zu verbalen Attacken an och Handgräiflechkeeten tëscht de Leit op der Plaz komm. Am ganzen wieren um Enn 5 Policepatrullen néideg gewiescht fir d’Gemidder ze berouegen an d’Leit ze trennen, heescht et de Moien vun der Police.
Um Iechternacherséi gouf en alkoholiséierten an aggressive Mann an d’Ausniichterungszell bruecht well e probéiert hat iwwert eng Ofspäerung vum E-Lake Festival ze klammen a sech mam Sécherheetspersonal ugeluecht hat.
Accident e Sonndeg de Moien géint hallwer 6 op der Iechternacherstrooss zu Dummeldeng. En Auto huet sech iwwerschloen. De Chauffer huet missen op der Plaz versuergt ginn a koum fir eng Kontroll an d’Klinik. Well hie kee Führerschäin hat, gouf de Parquet informéiert an de Virfall protokolléiert.
En Accident gouf et dann kuerz virun zwou Auer och zu Iechternach. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis agezunn.