Op 120 verschiddene Stänn hunn d’Schüler an d’Schülerinne vun der 2ième an der 1ière Informatioune ronderëm d’Studéiere kritt.
E BTS zu Lëtzebuerg maachen ass méiglech. Sief et am Beräich Marketing um ECG, der Ecole de Commerce et de Gestion oder a Richtung Film a Fernsee studéieren. Dat funktionéiert an der Handwierkerschoul. Och als Kach kann een an der Hotelsschoul nach e BTS ofschléissen.
Rezent kann een dann och de Bachelor am Medezinstudium op der Uni zu Lëtzebuerg maachen. Heiriwwer goufen et och eng ganz Partie Informatiounen. Op dëser Foire war och d’ACEL vertrueden, esou ewéi Vertrieder vum Héichschoulministère.
Dausende Jonker profitéieren all Joer vun dëser Studentefoire, fir sech iwwer déi verschidde Studiegäng z’informéieren.