Neien Trëppelwee zu BielesUm "Wee vum Steen" kann een déi industriell Vergaangenheet vum Minett bewonneren

Sandy Elsen
Et ass en neien Trëppelwee, deen de Visiteure vum Gaalge- a vum Metzebierg d'Méiglechkeet gëtt, d'Etappen um Wee vum Minettssteen ze retracéieren.
Um "Wee vum Steen" kann een d'industriell Vergaangenheet vum Minett bewonneren
Et ass en neien Trëppelwee, deen de Visiteure vum Gaalge- a vum Metzebierg d’Méiglechkeet gëtt, d’Etappen um Wee vum Minettssteen ze retracéieren.

Enn Juli gouf zu Bieles “De Wee vum Steen” ageweit. Initiéiert gouf dëse Projet vun der Gemeng Suessem schonn am Kader vun hirem Programm fir Esch2022. Ëmgesat gouf en ënnert anerem vu Membere vum DKollektiv, ee Kënschtlerkollektiv, dee sech intensiv mam industrielle Patrimoine auserneesetzt.

Op 4,4 km kann een um “Wee vum Steen” duerch déi industriell Vergaangenheet vu Bieles wanderen. An der haiteger Natura 2000-Zon, wou deemools de Minettssteen aus der Carrière an de Briecher an duerno an Zuchwaggone bei d’Héichiewen transportéiert gouf. An Zesummenaarbecht mat de Kënschtler Eric Marx an Trixi Weis hunn de Misch Feinen an de Serge Ecker des Tracen nees visibel gemaach a kënschtleresch opgewäert.

Just puer honnert Meter vun deem klenge Parking an der Seelbunnstrooss ewech, hunn d’Kënschtler déi Fläch amenagéiert, wou fréier zwou verschidden Zorte vun Eisenäerz, respektiv Minett an engem grousse Silo stockéiert goufen.

Vun hei aus féiert de Wee weider de Gaalgebierg erop, bei den Highlight vum Trëppelwee. Nämlech op déi Plaz, wou deemools d’Minettssteng am Briecher, och Konkasser genannt, zerklengert goufen. Op enger Plattform, kreéiert vum Eric Marx, entdeckt een hei eng ronn 2 Tonne schwéier Gosse-Skulptur vum Konkasser am Klengen, déi vum Misch Feinen a vum Serge Ecker entworf a vun der Fonderie Massard produzéiert gouf.

Erklärungspanneauen, déi een op deene verschiddene Statioune fënnt, erlaben et engem, de Wee vum Minettssteen beschtméiglech nozevollzéien.

Back to Top
CIM LOGO