A6Um Zéissenger Kräiz huet een Auto gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, huet e Samschdeg géint 11.30 um Zéissenger Kräiz en Auto gebrannt, op der Plaz war de CIS Lëtzebuerg an d'Police.
© CGDIS

Blesséiert gouf awer keen. Um 12.40 Auer dann hat zu Osper Gestrëpp Feier gefaangen.

Zu Bartreng an der Rue du Puits Romain gouf um 15.30 Auer eng Persoun ugestouss a liicht blesséiert.

10 Minutten drop war dat selwecht engem Cyclist an der Stad an der Rue Theodore Eberhard geschitt. Och dee gouf liicht blesséiert.

Op der Diddelenger A3 si géint 16 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Dat tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Rond-point Gluck. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO