D’Campagne gesäit vir, all Mount ee Video ze publizéieren. Et wier nach ëmmer schwéier, jonk Fraen an wëssenschaftlechen an technologeschen Domainer ze rekrutéieren, erkläert de Serge Haan, Responsabelen fir dëse Projet. Et wier wichteg, Diversitéit ze stäerken.
“Et ass wichteg, well Fuerscher an deenen Domainen entwéckelen natierlech Léisungen an Innovatioune fir eng divers Gesellschaft. Wann déi Grupp vu Fuerscher och divers ass, kommen ënnerschiddlech Approchen an déi si wichteg, fir déi adequat Léisungen ze fannen.”
Et wéilt ee mat dësem Projet dozou bäidroen, Stereotyppen ze duerchbriechen. Déi nächst Generatioune sollen Geschlechterrollen hannerfroen an hiren Dreem nogoen.
Och d’Marie-Alix Dalle, eng vun de Wëssenschaftlerinnen, déi bei dësem Projet matmécht, huet vu sou Initiative profitéiert:
“Je pense que c’est un événement parfait parce que c’est ce type d’initiative qui m’avait donné envie de travailler dans les domaines technologiques, scientifique. Quand j’avais à peu près douze ou treize ans, j’ai participé à un événement similaire en France et je pense que cela m’a beaucoup motivé de poursuivre mes études dans ce domaine.”
Ënnert anerem waren och Schüler aus verschiddene Lycéeë um Geesseknäppchen dobäi.
-“De Problem ass, et gi vill Meedercher, déi wëllen an de Beräich kommen, mee duerch ënnerschiddlech Challengen, gi si ageschüchtert. Dofir fannen ech, dat hei probéiert hinnen, eng Chance ze ginn.”
-“Je trouve ca trés interessant, parce que moi, j’ai pas encore de plan futur précis, alors cela m’aide à choisir ma voie.”
-“Ech mengen, wann een sou Saache genuch mécht an een et normaliséiert, dass Fraen an dësem Domaine sinn, dann hunn ech villäicht d’Chance net déi Erfarunge vu Sexismus ze hu wéi verschidden a Fuerscher an Dokteren.”
Visibilitéit ass bei dësem Projet wichteg. Virbiller motivéiere Meedercher, änlech Weeër ze goen.
D’Videoen zu deem Projet fënnt een op uni.lu