Geféierlech Tendenze fréi erkennenUrgencë solle méi präzis Donnéeën un d'Santé liwweren

Marc Hoscheid
"Rassure", esou heescht de Pilotprojet, dee vu Juli u vun der Santé an Zesummenaarbecht mam Escher Chem lancéiert gëtt.
© RTL Symbolbild

Zanter dem 1. Juni ass de meteorologesche Summer amgaangen. Wann d’Wieder bis besser gëtt, erwächen och eng Partie Insekten zum Liewen. Déi kënnen deelweis geféierlech Krankheeten iwwerdroen, zum Beispill Zecken eng Borreliose oder Moustiquen eng Enzephalitis. Am Moment gëtt et zu Lëtzebuerg nach kee System, deen et erlaabt ze erfaassen, wéi vill Fäll vun esou a weidere Krankheeten et zu engem bestëmmten Zäitpunkt gëtt. Ma dat soll sech geschwënn änneren.

Urgencen a Santé solle besser matenee vernetzt ginn (Reportage Marc Hoscheid)

“Rassure”, esou heescht de Pilotprojet, dee vu Juli u vun der Santé an Zesummenaarbecht mam Escher Chem lancéiert gëtt. Am Ausland gëtt et schonn änlech Projeten. Et geet drëms, datt d’Urgencen hir Donnéeë méi séier a méi effikass mat der Santé deelen, fir ze erkennen, ob verschidde Krankheeten opfälleg heefeg optrieden respektiv, ob et anormal Diagnose gëtt. An enger éischter Phas ginn d’Donnéeë vum leschte Joer analyséiert, wéi d’Dr. Anne Vergison, Chef de division vun der Inspection sanitaire, erkläert.

“On va commencer à analyser toute une année entière pour regarder un petit peu ce qu’on peut faire et avec quelle précision on peut avoir un diagnostique. Donc on n’arrivera pas sans doute à la précision d’une piqure d’insecte, mais on pourrait par exemple diagnostiquer des déshydratations chez des personnes âgées. Et se dire, ok, là on a eu, même si on n’a pas eu d’épisode de canicule pour laquelle on a fait une alerte de canicule, on constate quand même que, par exemple pendant une semaine où il a fait un peu plus chaud, on avait dans les urgences un peu plus de passages pour des déshydratations chez les personnes âgées.”

Ee Problem, deen een nach léise muss, ass deen, datt Patienten, déi op e puer Plaze wéinst deem selwechte Problem an d’Urgence ginn, net duebel gezielt ginn. Fir de Wanter wëll een awer operationell sinn.

“Au départ, nous on a voulu mettre ça en place pour les infections respiratoires sévères, qui chaque hiver vont surcharger les hôpitaux. Pour permettre de détecter très vite qu’on risque d’avoir un problème dans la saison parce qu’on a énormément de bronchiolites, de grippes ou de choses comme ça, qui vont remplir tous les lits d’hôpitaux. Et pouvoir éventuellement après organiser les services hospitaliers et les aider à les prévenir tôt qu’on risque d’avoir une surcharge.”

Beim Sammele vun den Donnéeë géing ee Wäert op den Dateschutz leeën. De Pilotprojet géing mam Chem realiséiert, well ee scho gutt mateneen zesummegeschafft hätt an een och der Representatioun vun de verschiddene Regioune kucke géing. Et wéilt een en awer sou séier wéi méiglech op déi aner Spideeler auswäiten.

Back to Top
CIM LOGO