GeriichtsaffärUrteel ausgesat bis anert Urteel vun der Cour d'Appel kënnt

RTL Lëtzebuerg
Um Geriicht sollt en Donneschdeg d'Urteel gesprach ginn am Prozess géint 2 Duechteren, déi virgeworf kritt haten, dass se hire Papp wollten ëmbréngen.

Et koum awer net dozou, well d'Riichter d'Urteel ausgesat hunn, bis op der Cour d'Appel dat zweet Urteel géint de Papp gesprach ass. Dee war am Mee zejoert um Stater Geriicht zu 8 Joer Prisong verurteelt ginn, dat wéinst enger Rei Vergewaltegunge vun 3 vu senge Kanner tëscht August 2006 an Abrëll 2012.

Am Hierscht soll et zum Appellsprozess kommen. An der Suite vun deene Virfäll zu Déifferdeng, Iwwersiren an op de Philippinne sollen déi zwou Fraen den Optrag ginn hunn, fir de Papp dout ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO