
Et war nawell alles zimmlech séier un an aus. Vun de sechs Ugeklote war keen am Raum a sou huet de Riichter einfach zackeg déi sechs Urteeler verlies. Fir déi dräi Männer, déi als Chauffere fir de “Club Pearls”, een Etablissement aus dem Beräich vun der Prostitutioun, geschafft hunn, waren et déi selwecht Strofe wéi an éischter Instanz, jee 6 Méint Prisong op Sursis.
D’Frae sinn dogéint vill méi schlecht ewechkomm: si kruten allen dräi 36 Méint Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof an Héicht vun 2.500 Euro. An éischter Instanz waren et fir déi fréier Proprietärin an eng Mataarbechterin an enger Féierungspositioun “just” 18 Méint Prisong op Sursis an eng Geldstrof vun 1.000 Euro. Déi drëtt Fra, déi am Accueil geschafft hat, war an éischter Instanz zu 12 Méint Prisong op Sursis an 1.000 Euro Strof verurteelt ginn.
Deene 6 goufe Prostitutioun, Mënschenhandel a Blanchiment virgeworf. Si solle wärend op d’mannst 5 Joer Hausvisitte vu Prostituéierten, déi am “Club Pearls” geschafft hunn, organiséiert hunn. Dobäi goufen d’Fraen och bei Freier op Lëtzebuerg bruecht. D’Ugekloten hate wärend dem Prozess behaapt, si hätten net gewosst, datt Hausvisitten zu Lëtzebuerg illegal sinn.
Beim éischte Prozess Ufank d’lescht Joer hat iwwregens ee Mann, dee laang Jore Proprietär vum Etablissement war, op der Uklobänk gefeelt. Däitschland hat nämlech seng Ausliwwerung refuséiert. Dat mam Argument, datt alles, wat him reprochéiert géing ginn, an Däitschland passéiert wier an de Mann déi däitsch Staatsbiergerschaft hätt.