
Lëtzebuerg investéiert 15 Milliounen Euro an d’US-Firma Lyten, déi zejoert schonn annoncéiert huet,hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg anzeriichten. Dat ganzt leeft iwwert de sougenannte Future Fund 2, an deen d‘staatlecher Investitiounsbank SNCI an den europäeschen Investitiounsfong EIF Suen investéieren. Dräi Ministeren hunn en Donneschdeg de Moien zesumme mam CEO vun der Firma Lyten vun enger “success story“ geschwat.
D’Firma Lyten engagéiert sech am Beräich vun der Nohaltegkeet duerch d’Hierstellung vu spezielle Batterië, esou hire CEO Dan Cook. “Mir kënnen d’Gewiicht vu Batterië bis zu 40-70% reduzéieren. Domat ass d’Batterie perfekt fir eppes, wat sech beweegt: Autoen, Camionen, Dronen an nach vill méi.”
Enn zejoert gouf annoncéiert, datt d’Startup aus dem amerikanesche Sillicon Valley hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg wäert ariichten. Dem Wirtschaftsminister Lex Delles no géif d’Firma perfekt an eis Ekonomie passen. “Éischtens an der Recherche, zweetens mat der Méiglechkeet, fir ze dekarboniséieren an drëttens eng Entreprise déi hiren europäeschen Headquarter hei zu Lëtzebuerg huet.”
De Finanzminister Gilles Roth huet vun engem Invest an d’Zukunft, an d’Digitalisatioun an an d’Nohaltegkeet geschwat. “Grad eis Finanzplaz well déi Expertis, déi se um Niveau vun den Investmentfongen huet, wieder ausbauen, well do hu mer eng reell Expertis an dat si Secteuren, déi an d’Zukunft kucken.”
Et wier d’Resultat vun enger enker Zesummenaarbecht tëscht de verschidde Ministèren, huet de Xavier Bettel a senger Funktioun als Minister fir den Aussenhandel betount. “Wat wichteg ass, ass dat mer eng Koordinatioun tëscht den dräi Ministèrë maachen an eng zentral Plaz si fir Äntwerte kënnen ze ginn.”
Nieft dem Headquarter soll och d’Recherche e wichtege Volet zu Lëtzebuerg ginn. Dofir war de CEO vu Lyten e Mëttwoch och schonn op der Uni Lëtzebuerg a beim LIST. Den Technoport wier e méigleche Site an den Dan Cook huet och net ausgeschloss, datt seng Firma eemol hei am Land och an der Produktioun aktiv wäert ginn.