
Ass dat Konscht oder kann dat fort? Déi Fro hunn déi Responsabel vun der Gemeng Buerschent mat Bléck op Geschmiers beim Waasserbehälter zu Buerschent op Facebook kloer beäntwert. An engem Post schwätzt d’Gemeng vu Vandalismus. Et hätt ee Plainte gemaach an all Hiweiser oder Informatioune wiere fir d’Police vun Dikrech.