
A méi Raim gouf Faarf op Maueren, Fënsteren, Schief an och op de Buedem geschmiert. Passéiert ass dëst an engem Zäitraum tëscht dem 6. Juli um 16 Auer an dem 8. Juli ëm 7.30 Auer.
D’Police sicht elo no Leit, déi eventuell eppes Verdächteges gesinn hunn oder soss Informatiounen am Zesummenhang mat dësem Vandalismus kënne ginn. Si solle sech bei der Police vu Walfer um 244 41 1000 oder per Mail op police.walferdange@police.etat.lu mellen.