
Géint 22.20 Auer e Samschdeg war en Auto tëscht dem Beetebuerger Kräiz an Diddeleng op der A3 accidentéiert. D’Ambulanz vu Beetebuerg an d’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng waren hei am Asaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Géint 3 Auer e Sonndegmoie gouf dann eng Persoun an der Veinerstrooss zu Pëtschent ugestouss. D’Ambulanze vun Housen a Clierf, d’Pompjeeë vu Pëtschent an Housen, de Samu an de Groupe de support psychologique waren op der Plaz. Kuerz virun 9.30 e Sonndegmoien huet d’Police matgedeelt, dass d’Persoun den Accident net iwwerlieft huet.
Nëmmen e puer Minutte méi spéit goufen dann dräi Persoune blesséiert, wéi sech zu Biissen an der Route de Mersch zwee Autoen ze pake kruten. Hei waren d’Ambulanze vu Miersch a Lëntgen an d’Pompjeeë vu Biissen am Asaz.
Um 9 Auer e Sonndegmoie krute sech dann an der Géigend vum Vesquenhaff um CR176 zwee Autoen ze paken, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D’Pompjeeë aus dem Asazzenter Sadiff an d’Ambulanze vun Esch a Keel waren op der Plaz.