
Géint 12.27 Auer goufen d’Rettungsekippe vu Mäertert a Fluessweiler an d’Rue des Tanneurs zu Gréiwemaacher geruff, wou sech eng Persoun bei enger Kollisioun tëschent engem Motorrad an engem Auto blesséiert hat.
Dës weidere sinn op dräi weidere Plazen am Land allkéiers 2 Autoen aneneegeknuppt, woubäi jeeweils eng Persoun blesséiert gouf. Dat géint 14.45 Auer zu Kielen an der Rue d’Olm, géint 15.30 Auer zu Dikrech an der Rue du Pont a géint 16.38 Auer zu Esch an der Lankelzer Penetrante. Déi lokal Rettungsekippe waren allkéiers am Asaz.