
Zu Hoen huet eng Patrull e Sonndeg den Owend en Automobilist gestoppt, deen net méi riichtaus fuere konnt. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.
Och e Sonndeg den Owend war zu Beetebuerg an der Route de Mondorf eng Camionnette gemellt ginn, déi an e Chantier gerannt war. De schëllege Chauffeur, dee sech net ëm de Schued gekëmmert hat, konnt awer séier ermëttelt a lokaliséiert ginn. Och hei war ze vill Alkohol am Spill an de Fürerschäin duerno fort.
An der Nuecht op e Méindeg war enger Policepatrull zu Diddeleng an der Lëtzebuerger Strooss en Automobilist opgefall, dee Schlaangelinne gefuer war. Den Automobilist hat ze vill gedronk a konnt en plus kee gültege Permis presentéieren. Nieft Fuerverbuet koum e Protokoll dobäi.
Och Schwieregkeete fir d’Spuer ze halen, hat e Chauffeur, deen zu Keel an der Rue Altrescht ënnerwee war. D’Police konnt d’Gefier séier stoppen an och hei war den Alkoholtest iwwert der Limitt. Als Konsequenz gouf de Fürerschäin agezunn.