
Eng Persoun gouf hei blesséiert an nieft enger Ambulanz vun Esch war och e Samu aus der Minettsstad op der Plaz.
Ëm kuerz no 10 Auer huet et dunn zu Rodange op der Lonkecher Strooss geknuppt, wou zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng an eng vu Keel waren op der Plaz, fir sech ëm déi zwee Blesséiert ze këmmeren.
Am Norden ass dunn nach géint 10.15 Auer een Auto an eng Mauer gerannt. Den Accident war op der RN15 tëscht dem Heischtergronn an Esch-Sauer. Hei gouf eng Persoun blesséiert a vun enger Ambulanz vu Wolz versuergt.
Den 112 huet och fir e Samschdeg den Owend een Accident gemellt, dat bei der Helfenter Bréck zu Bartreng. Do ass géint 19.40 Auer ee Motocyclist gefall, deen dann och blesséiert gouf.