
Kuerz virun 18 Auer hate sech am Rollengergronn zwee Autoen ze pake kritt. Hei waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Stad am Asaz.
Géint 22.37 Auer ass dann en Auto an der Avenue Charles de Gaulle an e Bam gerannt. Hei war nieft de Stater Pompjeeën an zwou Ambulanzen och den Noutdokter vum Samu op der Plaz.