CGDISVéier Blesséierter bei Accident um CR322
De CGDIS mellt en Accident géint 22 Auer e Sonndeg den Owend tëscht Konstem a Kautebaach, wéi en Auto vun der Strooss ofkomm a géint e Fiels gerannt war.
Et goufe véier Leit blesséiert. Nieft de Secouriste vun Housen, vu Klierf an aus der Nordstad war och de Samu op der Plaz.