Bannent net emol zwou StonnenVéier Blesséierter bei Accidenter, zwee Mol war de Samu op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 15.30 Auer a kuerz no 17 Auer e Freideg ass et op eise Stroossen zu véier Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte komm.

Géint 15.37 Auer krut en Auto op der RN31 tëscht Keel an dem Keeler Potto e Motocyclist ze paken. D’Pompjeeë vu Keel, d’Ambulanz vun Diddeleng an de Samu vun Esch waren hei op der Plaz.

Eng knapp Stonn drop ass dann en Auto an der Rue du Brill zu Féiz accidentéiert. D’Ambulanz vu Schëffleng an d’Pompjeeë vu Monnerech goufen hei an den Asaz geruff.

Nëmmen e puer Minutte méi spéit, gouf de Samu vun Esch dann op e weideren Asaz geruff. Dat nodeems e Motosfuerer um CR170 tëscht Schëffleng a Lalleng gefall ass.

Schliisslech ass kuerz no 17 Auer zu Helleng an der Crauthemerstrooss eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn. Hei waren d’Ambulanz vu Keel an d’Pompjeeë vun Uespelt a Fréiseng op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO