CGDISVéier Blesséierter no Accidenter e Mëttwochmoien an am Nomëtten

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS hu wéinst Accidenter e Mëttwoch op dräi Plazen uechter d'Land mussen ausrécken.

Sou zum Beispill kuerz virun 11 Auer op der Areler Strooss zu Stroossen, wou eng Persoun blesséiert gouf, nodeems zwee Autoen aneneegerannt sinn.

E weideren Accident mat zwee Gefierer gouf et um 14.12 Auer an der Rue de Luxembourg zu Esch. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.

Um 15.43 Auer goufen d’Ekippe vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng an Esch op den CR176 tëschent dem Roudenhaff an dem Vesquenhaff geruff. Hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn, nodeems en Auto géint e Bam gerannt ass.

Back to Top
CIM LOGO