
Op der Plaz waren dräi Ambulanzen an de Samu.
D’Pompjeeë vu Colmer, aus dem Nordstad-Zenter a vu Biissen kruten d’Flame geläscht. Rieds geet vu véier Blesséierten.
Kuerz viru 17 Auer gouf et nach eng Kéier en Alarm fir d’Pompjeeën an d’Secouristen aus dem Nordstad-Zenter. Tëschent Ettelbréck a Méchelbuch hat en Auto gebrannt. Den Ament ass d’Strooss och gespaart.