Samu an AirRescue am AsazVéier Blesséierter op eise Stroossen en Donneschdeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter gouf et kuerz virun 18 Auer en Donneschdeg op der Route de Trèves um Sennengerbierg. Zwee Autoen hate sech hei ze pake kritt.

Kuerz viru 17 Auer ass tëscht Veianen a Biwels e Motocyclist gefall a verwonnt ginn. D’Air Rescue war op der Plaz, genee wéi eng Ambulanz vun Housen. Dat mellt de CGDIS.
Géint 20.50 Auer gouf et en Donneschdeg den Owend dann nach ee Motorradsaccident zu Bartreng an der Lonkecher Strooss. E Motocyclist war do gefall a gouf blesséiert. De Samu an eng Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO