Alkohol um SteierVéier Chauffere sinn der Police wéinst hirem Fuerstil opgefall

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdegowend respektiv e Sonndeg an der Nuecht waren der Police véier Chaufferen opgefall, déi sech alkoholiséiert hannert d'Steier gesat hunn.

An der Nuecht op e Sonndeg war enger Patrull vun der Police e Chauffer opgefall, dee mat 150 amplaz vun den erlaabte 70 Stonnekilometer duerch eng Baustell op der A3 gefuer ass. D’Beamten hunn de Mann ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Géint 1.30 Auer ass dann e Chauffer mat dengem Gefier an e geparkten Auto gerannt. Hie koum mat Blessuren an d’Spidol. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

Schonn um kuerz viru Mëtternuecht e Samschdeg hat e Chauffer enger Patrull vun der Police op der Héicht vun der Hierheck op der N12 d’Virfaart geholl. D’Polizisten hunn de Mann kontrolléiert an et sollt sech erausstellen, dass hie scho virun dësem Tëschefall an e Stroosseschëld gerannt war. Och hei gouf de Fürerschäi wéinst engem ze héijen Taux vun Alkohol am Blutt agezunn.

Um 5 Auer Sonndes moies war dann e Chauffer an der Areler Strooss an der Stad duerch eng Rout Luucht gefuer. Hien hat net nëmme gedronk, ma hat och kee valabele Fürerschäin a säi Gefier war weder korrekt ugemellt nach verséchert. D’Gefier gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO