Gemeng NidderaanwenVéier nei Wandmillen am Zentrum vum Land geplangt

Roy Grotz
En entspriechende Vott gouf et de Moien am Nidderaanwener Conseil, wou déi véier potentiell Sitten, fir d'Wandmillen ze bauen, fixéiert goufen.
Symobolfoto.
Symobolfoto.
© Afp

Geschwë sollen an der Gemeng Nidderaanwen véier Wandmillen dréinen. Dëst ënner anerem hannert dem Naturschutzgebitt “Op der Aarnescht” an nieft der Iechternacher Streck iwwer Iernster.

Déi véier geplangt Wandmille kënnen de Stroum-Besoin fir eng 32.000 Leit ofdecken, wouduerch ronn 23.075 Tonnen CO2 am Joer kéinten agespuert ginn.

E Freideg de Moie gouf am Nidderaanwener Gemengerot de “Memorandum of understanding” mat SOLER gestëmmt fir d’Kreatioun vun der Gesellschaft “Energiepark Niederanven SA”. No engem Joer Betrib vun den Anlage ginn och 10 Prozent vun de Parten opgemaach, fir datt Bierger sech kënnen um Wandpark-Projet bedeelegen.

© Gemeng Nidderaanwen

PDF: Informatiounsblat

Back to Top
CIM LOGO