
Dat zum Beispill zu Esch. Do war eng Policepatrull amgaangen, d’Rue d’Audun no engem Accident ze sécheren, wéi si op e Chauffer opmierksam gi sinn, dee versicht huet, laanscht d’Beamten ze fueren, obschonn hie gewise krut, stoenzebleiwen. Um Enn ass de Won zwar gestoppt ginn, ma bei der Kontroll koum eraus, dass Alkohol am Spill wier. En Test war deemno och positiv an de Permis fort.
Da gouf nach eng Camionnette gemellt, déi am Zickzack op der Escher A4 ënnerwee wier. D’Gefier konnt och kuerz drop vun der Police gestoppt ginn. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Méi spéit e Sonndeg den Owend gouf op der Areler Autobunn op der Héicht Hoen e staark beschiedegt Gefier gemellt. Eng Patrull huet de Won ausgemaach. Effektiv war d’Gefier beschiedegt an d’Airbaggen ausgeléist. Beim Chauffer gouf iwwerdeem e staarken Alkoholgeroch festgestallt, dowéinst gouf en Test gemaach. Nodeems dësen ugeschloen huet, war dann och hei de Permis fort.
An der Nuecht dunn ass nach e lescht Gefier zu Nidderkuer opgefall, dat ze séier duerch de Rond-point vun der Rue des Ecoles a Richtung Rue Pierre Gansen gesteiert gouf. Wéi de Chauffer dunn nach de Bord vum Trëttoir ze pake krut, huet d’Police hie wollte stoppen. De Chauffer huet dat ignoréiert a konnt op der Héicht Scheiferwee gestoppt ginn. Och dësen Alkoholtest war positiv an hie krut e Protokoll, ma well hien och nach ze séier gefuer ass, krut den Automobilist nach e provisoresche Fuerverbuet.