International AktiounVéier presuméiert Drogen-Domain-Serveren zu Lëtzebuerg saiséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Parquet confirméiert, war d'Police Lëtzebuerg un enger internationaler Aktioun bedeelegt, an där 4 Domain-Serveren am Grand-Duché saiséiert goufen.

D’Websäite solle genotzt gi sinn, fir illegal Medikamenter an Drogen uechter d’USA ze verkafen, dorënner Metamphetamin a Fentanyl, heescht et e Méindeg vun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg. Mat un der Aktioun bedeelegt waren nieft dem Lëtzebuerger Parquet an der Police Judiciaire Cybercrime, déi Rechtshëllef geleescht hunn, och Spezialagente vun der Homeland Security Investigations (HSI) Philadelphia, Los Angeles an de Seattle Field Offices, genee wéi och d’HSI Bréissel.

Wien d’Sitten elo besiche goe wëll, gesäit just nach deen heite Message:

De William S. Walker, Spezialagent un der Spëtzt vun der HSI Philadelphia, sot zu der internationaler Zesummenaarbecht: “Esou Enquêtë kënne just geléngen, wann en Team vu fokusséierten Ermëttler a Procureuren Hand an Hand matenee schaffen.”

Back to Top
CIM LOGO