
War do ë.a. festgehale ginn, dass hie 5 Joer net an der Fonction publique schaffen dierft, ass dat Verbuet gefall; dofir gouf aus deem, fir 5 Joer kee Kontakt zu Mannerjäregen däerfen ze hunn, 10 Joer.
Fir de Rescht blouf et v.a. bei engem Joer Prisong mat Sursis probatoire, woubäi d'Oplo an der Behandlung vum Mann senge pedophilen Tendenze besteet.
Op d'mannst 135.000 kannerpornografesch Fotoen a ronn 875 sou Filmer waren op am Ganzen zwee Computeren an engem Harddisk fonnt ginn; am Februar 2017 war d'Affär opgeflunn, woubäi d'Faite bis op Februar 2012 zréckgoungen.