
Wéinst dem Verdacht op en Abroch an een onbewunnt Haus gouf en Dënschdegmoien d’Police an d’Route de Luxembourg zu Beetebuerg geruff. Un der Récksäit vum Gebai war eng oppe Fënster. Wéi d’Beamten dëst duerchsicht hunn, hu se am 1. Stack e schlofende Mann an enger Kummer fonnt. Hien hat en Hausschlëssel an eng kleng Quantitéit Haschisch dobäi.
De Mann konnt sech net ausweisen, dës weideren huet hien uginn, nach mannerjäreg ze sinn. Aus dësem Grond gouf vum Parquet eng Identitéits-Iwwerpréiwung wéi och eng klinesch Ënnersichung, fir den Alter erauszefannen, ordonéiert.
Dës weidere krut hien eng Plainte wéinst dem Abroch. Well de Mann sech iwwerdeems och illegal zu Lëtzebuerg opgehalen huet, gouf d’Police des étrangers, wéi och den Immigratiounsservice vum Ausseministère kontaktéiert.
Zu Steesel konnt iwwerdeems um Dënschdeg am Nomëtteg e Mann festgeholl ginn, dee kuerz virdrun an enger Konschtgalerie e Portmonni aus enger Posch geklaut hat. D’Dot gouf géint 13.20 Auer der Police gemellt, e Verdächtege konnt uschléissend an der Ëmgéigend festgeholl ginn. Hie krut eng Plainte.