
Wéi eis den Touristenzenter Robbesscheier op Nofro hi confirméiert huet, war et ee vun hire Ween, dee kuerz viru Mëtternuecht en Dënschdeg den Owend geklaut gouf.
Séier huet d’Police eng Sich ageleet a mat Hëllef vun der Hondsstaffel a vun Zeie konnt de Won lokaliséiert ginn. Op engem Video ass ze gesinn, wéi zwee Motorrieder vun der Police dem Won nofueren. Dëse soll Aussoen an de soziale Medien no e Mëttwoch an der Mëttesstonn gestoppt gi sinn.
Fënnef Jonker, zwee vun hinne Mannerjäreg, konnten op der Héicht vun Esch-Sauer gestallt ginn, dat schreift d’Police. De Parquet gouf informéiert an huet Protokoll erstelle gelooss.
Wéi et weider vun der Robbesscheier heescht, wier de Won vun den Onéierlechen, déi e geklaut haten, beschiedegt ginn. Wuel hätte si bei der Course-poursuite eng Mauer ze pake kritt. Géint 17 Auer huet d’Police de Besëtzer matgedeelt, datt si hire Won kéinte siche goen.