Chrëschtstëmmung e Samschdeg den Owend an der Stad. Den Thermometer weist -7 Grad un. Keng 100 Meter vum Wantermaart ewech probéiert eng Koppel, an der Entrée vun engem Buttek Schlof ze fannen. Zanter 2 Woche géife si hei an der Entrée iwwernuechten, erzielt eis de Mann, deen anonym wëll bleiwen.
“Jo, mir schlofen hei zu zwee. Et ass immens kal. Ech schlofen net vill, vläicht 2-3 Stonnen d’Nuecht. Erfréiere fäerten ech net, mir hu vill Decken.”
D’Koppel huet Wanterjacketten a Mutzen op a läit, an e sëllegen Decken agewéckelt, enk uneneen. Mat Kartrong schütze si hiert Schloflager esou gutt et geet viru Wand an der Keelt.
Hie kéim aus Italien, erzielt de Sans-abri. Hätt eng Kéier an der Wanteraktioun iwwernuecht, mee seng Frëndin wéilt net matkommen, well si do a getrennten Dortoirë schlofe missten.
“Les gens qui ne veulent pas dormir à l’action d’hiver, tout simplement c’est parce que c’est leur choix. On a des travailleurs de rue qui sont là pour les inciter et les convaincre, surtout quand il fait très froid, de rejoindre l’action d’hiver”, seet d’Cyrielle Chibaeff, d’Chargée de direction vun der Wanteraktioun.
Déi äiseg Keelt zitt déi lescht Deeg vill Sans-abrisen an d’Struktur op de Findel. An der Nuecht op e Sonndeg haten 173 Beneficiairen an der Wanteraktioun geschlof. Plaz ass fir bis zu 250 Persounen. Fir Frae gëtt et e separaten Dortoire. Jidderee wier wëllkomm, betount d’Cyrielle Chibaeff.
Vun 19.15 Auer u ginn d’Leit empfaangen, kréie waarmt Gedrénks, eng Zopp an eppes z’iessen. Spéitstens um 23 Auer muss ee banne sinn. Et ass och d’Geleeënheet, sech ze duschen a Kontakt mat Sozialaarbechter opzehuelen.
Owes sinn an der Stad an op der Gare awer och nach sougenannt “Streetworker” ënnerwee, fir no deene Mënschen ze kucken, déi dobaussen iwwernuechten. Si géifen och waarmt Gedrénks an Zopp verdeelen an dat géif schonn hëllefen, seet de Mann aus Italien.