
Och wann am Naturschutzberäich duerchaus administrativ Vereinfachunge gemaach kënne ginn, wier et wéinst dem alarméierenden Zoustand vun eiser Natur bedenklech, wa Prozeduren ofgebaut an d’Ëmwelt domat weider fragiliséiert géif ginn.
Zeg annoncéiert Mesurë géife riskéieren, en negativen Impakt op d’Natur ze hunn. Dozou zielt natur&ëmwelt, datt Ëmweltimpakt-Studien eréischt vun enger Fläch vu 4 Hektar un néideg sinn, datt Kompenséierungsmesurë fir verschidden Aarten ofgeschaaft ginn oder datt de Prinzip vum Silence vaut accord agefouert gëtt.
Link: Dat ganzt Schreiwes vun natur&ëmwelt mam Avis zum Gesetzesprojet 8308.