
E 56 Joer ale Mann muss sech en Dënschdeg de Mëtte virun de Riichter vum Stater Geriicht veräntwerten. Him gëtt reprochéiert, seng Fra an der Zäit vum Bestietnis vergewaltegt ze hunn an hir eng Partie Doudesmenacë gemaach ze hunn.
Den Ugekloten ass och keen onbeschriwwent Blat. Schonn 2013 war hie wéinst haislecher Gewalt vis-à-vis vun der selwechter Fra condamnéiert ginn.
Zanter 2018 ass d’Koppel gescheet. Ëmmer nees wier et awer zu Problemer bei der Garde vun de Kanner an dem Besuchsrecht komm.
De Prozess ass op dräi Sëtzungsdeeg ugesat.