
Dat gouf e Mëttwoch am Regierungsrot decidéiert.
Et dierf och keng Reklamm méi fir se gemaach ginn. Nikotin-Säckelcher dierfen net méi gratis verdeelt ginn, keng “Vente à distance” soll erlaabt sinn an se dierfen net méi u Leit verkaf ginn, déi manner ewéi 18 Joer hunn.
Den Ament falen déi Säckelcher, déi ee sech ënnert déi iewescht Lëps leet, an déi och bei Jonke ganz beléift sinn, net ënnert d’Anti-Tubakgesetz, well keen Tubak dran ass. Ma wéinst hirem héijen Niktotin-Gehalt, kënnen se séier süchteg maachen.
Vun Oktober u ginn d’Nikotin-Säckelcher och besteiert, hat de Finanzminister Gilles Roth am Mäerz annoncéiert.