
E Méindeg an Nomëtteg huet d'Police eng Partie Verkéierskontrollen duerchgefouert, dat mam Schwéierpunkt op d'Anhale vu Stoppschëlder an der Vitess. Kontrolléiert gouf un der Kräizung N14/CR347 an der Medernacherstrooss zu Steeën, op der Route de Luxembourg zu Miedernach, sou wéi op der Route de Broderbour zu Gilsdref.
Am ganze goufen 21 Chauffeure kontrolléiert. A fënnef Fäll gouf e Stoppschëld ignoréiert a goufe verwarnt (145 Euro an zwee Punkten). Bei der Vitesskontrolle goufen et am ganzen 13 Verstéiss. A fënnef Fäll war d'Vitess esou héich, dass et eng Verwarnung an Héicht vun 145 Euro gouf, sou wéi zwee Punkten. An aacht Fäll gouf et eng Geldstrof vun 49 Euro.
Da gouf awer och nach e Chauffeur mat 250 Euro a 4 Punkte verwarnt, well e wärend dem Fueren den Handy benotzt huet, eng aner Persoun hat kee Gurt un, hei waren 145 Euro an 2 Punkte fälleg.